Wéi vill Fäll vu Verspéidungen duerch den Adapto-Service sinn et am Joer 2022 ginn?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten weiderzeleeden.

 

Eisen Informatiounen no kënnt et beim Adapto-Service fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit ëfters zu diverse Problemer. Déi Leit, déi an hirem Alldag op dës spezifesch Transport-Offer op Demande ugewise sinn, kommen zum Beispill oft ze spéit op hier Rendez-vous’en, well nach aner Client‘en ofgeholl musse ginn. Bedéngt duerch dës Verspéidunge kënnen déi Concernéiert hier Rendez-vous’en net wouerhuele, respektiv mussen se annuléieren an den Adapto-Service erfëllt säin Déngscht net. Dann besteet eng grouss Fluktuatioun vum Fuerpersonal um Adapto-Service, an d’Chauffeure kennen sech oft net gutt aus. Desweidere kréie Leit am Rollstull net ëmmer gehollef fir aus dem Bus eraus ze klammen. Wann een an der Zentral vum Adapto-Service urifft, geet oft keen drop an et kritt ee weder Hëllef, nach Renseignementer ugebueden.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un de Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten stellen:

 

  • Wéi vill Fäll vu Verspéidungen duerch den Adapto-Service sinn et am Joer 2022 ginn?
    • Wéi eng Méiglechkeeten hunn déi Concernéiert an esou Fäll?
  • Ass virgesinn, dass de Chauffeur vum Adapto-Bus, de Leit am Rollstull oder deenen déi net gutt ze Fouss sinn, aus dem Bus eraushëlleft?
  • Gëtt den Adapto-Service reegelméisseg vum zoustännege Ministère evoluéiert?
    • Wa jo, wéi?
  • Wéi garantéiert de Minister, dass déi concernéierte Leit, an der Zentral vum Adapto-Service de néidege Support ugebuede kréien?

 

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 Léon Gloden                   

Deputéierten

Zréck