Wéi setzt sech aktuell de Literpräis fir Bensinn an Diesel zesummen?

Lëtzebuerg, de 17. August 2023

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister an den Här Minister fir Energie ze stellen.

An deene leschte Woche sinn d’Spritpräisser kontinuéierlech an d’Luucht gaangen an hunn een héijen Niveau erreecht, deen ee spierbaren Impakt op d’Kafkraaft vun de Leit huet.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Wirtschaftsminister an un den Här Minister fir Energie stellen:

  • Wéi setzt sech aktuell de Literpräis fir Bensinn an Diesel zesummen?
  • Wat fir Facteure beaflossen déi kontinuéierlech Hausse?
  • Wat ass den Impakt vun dësen Haussen op den Index?
  • Wéini erfält déi nächst Indextranche?
  • Falls dës soll fir den 1. Oktober erfalen, gëtt dës och an de Salairen am ëffentlechen Déngscht fir dee Mount berécksiichtegt?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Gilles Roth

Co-Fraktiounspresident

Zréck