Wéi reagéiert den Energieminister op d’Kritik vu Greenpeace, dass d’Regierung d’Klimaziler net géif anhalen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Klimaziler un den Här Minister fir Energie weider ze leeden.

An engem rezenten Interview op der Antenn vun 100,7 huet d’Madamm Martina Holbach vu Greenpeace d’Regierung kritiséiert well si hier Klimaziler net géing anhalen an net déi néideg Mesuren heifir géing aféieren. Notamment am Beräich vun den erneierbaren Energien am Gesamtenergiemix läit Lëtzebuerg mat engem Undeel vun net mol sechs Prozent ganz weit ewech vum Zil vun 11 Prozent déi bis 2020 sollen erreecht ginn. Wann een d’Bäimësche vun Agrobrennstoffer (Palmenueleg, Sojaueleg) géing erausrechnen, wär ee mol net bei deene 6%, sou d’Kritik vun der Madamm Holbach. Dës Agrobrennstoffer wären alles anescht wéi nohalteg. D’Madamm Holbach geet och dovun aus, dass d’Energieproduktioun duerch Sonn, Wand a Biomass zu Lëtzebuerg net mol zwee Prozent géing ausmaachen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un den Här Minister stellen:

Wéi reagéiert den Här Minister op dës Kritiken?
Wéi eng konkret Mesurë well d’Regierung nach aféiere fir d’Ziler am Beräich vun den erneierbaren Energien ze erreechen?
Wéi een Impakt hunn déi Agrobrennstoffer op d’Chiffere vu Lëtzebuerg? Kann den Här Minister d’Estimatioune vun der Madamm Holbach confirméieren? Wéi een Impakt hunn dës Agrobrennstoffer op eis Ëmwelt? Wouhier kommen dës Agrobrennstoffer?
Wéi ass et mat der Schätzung, dass grad emol zwee Prozent vun der lëtzebuerger Energieproduktioun duerch Sonn, Wand a Biomass produzéiert gëtt? Stëmmen dës Chifferen? Wann net, wéi héich ass de realen Undeel?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck