Wéi laang daueren d’Aarbechte vum Ausbau op dräi Spuere vun der A3 vum Croix de Gaasperech bis hannert d‘Aire de Berchem a béid Richtungen nach?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Froen un de Minister fir Mobilitéit weiderzeleeden.

 

Säit enger Zäit suergen d‘Aarbechten op der Diddelenger Autobunn (A3) fir vill Réckstau an deementspriechend vill Frustratioun bei den Automobilisten. Et stellt ee fest, datt vill Automobilisten, déi aus Richtung Diddeleng kommen, virun der Aire de Berchem vun der Autobunn eroffueren, fir dann a Richtung Kockelscheier an a Richtung Alzeng a Fenteng virunzefueren. Aus der Äntwert vum Minister fir Mobilitéit op d’parlamentaresch Fro N°6891 geet an dësem Kontext ervir, dass de Bau vum „Countournement d’Alzingen“ ronderëm d‘Gemeng Hesper nach eng Zäitchen op sech waarde léisst.

 

An deem Kontext, wéilt ech dem Minister fir Mobilitéit folgend Froe stellen:

 

  • Wéi laang daueren d’Aarbechte vum Ausbau op dräi Spuere vun der A3 vum Croix de Gaasperech bis hannert d‘Aire de Berchem a béid Richtungen nach?
    • Wei eng Gefierer däerfen an Zukunft déi nei drëtt Spuer benotzen?
  • Wou ass d’Regierung mat de Pläng vum „Echangeur de Hesperange“ op Héicht vum Centre Douanier drun?
  • Wéini gëtt de Rond-Point Gluck ëmstrukturéiert?

 

Här President, ech bieden Iech, des Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Zréck