Wéi kéint d’Kooperatioun vu potentielle jonke Stroftäter mat der Police encouragéiert ginn?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

 

De Jugendschutz an d’Jugendstrofrecht zu Lëtzebuerg gesäit, am Kader vun eventuelle Strofdoten, eng rei Schutzmesure fir Jonker vir. Sou zum Beispill wann de genauen Alter vun engem Jonken, deen net zu Lëtzebuerg registréiert ass, muss gekläert ginn. Am Fall vu berechtegten Zweiwel un der Ausso zum eegenen Alter, kann d’Police eng Röntgen vum Handgelenk virgesinn, fir dat ze iwwerpréiwen. An der Praxis, gesäit d’Gesetz vum 10. August 1992 zur protection de la jeunesse vir, dass de Jonken dat ka refuséieren. D’Police muss dann op eng eventuell Ordonnance vum Parquet waarden, vir dës Röntgen ze maachen. Falls et sech net ëm e Mineur handelt, spillt eng aner gesetzlech Basis am Kader vum Strofrecht. Doriwwer eraus, feelt et an der UNISEC zu Dräibuer un néidege Platze fir jugendlech Stroftäter ënnerzebréngen, wouropshin dës dann oftmools an eng vun den oppene Strukture vum CSEE placéiert ginn.

 

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:

 

  • Wéi kéint d’Kooperatioun vu potentielle jonke Stroftäter mat der Police encouragéiert ginn?
  • Wéi kéint d‘Police am Zweiwelsfall méi séier den Alter vun engem Jonken iwwerpréiwen?
  • Wéi oft kënnt et vir, dass Jonker aus den oppene Strukture vum CSEE, wou se placéiert gi sinn, fortlafen?
    • Wéi oft handelt et sech dobäi ëm Jonker déi eigentlech an der UNISEC hätte solle placéiert ginn?
    • Wat ënnerhëlt d’Regierung fir dat ze verhënneren?

 

Här President, mir bieden Iech des Froen, mat eisem déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Léon Gloden                              Octavie Modert

Deputéierten                                   Deputéiert

Zréck