Wéi héich ass d‘Unzuel u Verspéidunge beim Adapto-Service?

 

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

 

Den Adapto-Service ass geduecht, fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit, déi op dës spezifesch Transport-Offer ugewise sinn, eng Hëllef ze bidden. Am Sënn vun der Chancëgläichheet, déi an eisem Land soll promouvéiert ginn, spillt den Transport fir jiddereen dofir eng besonnesch wichteg Roll.

 

Eisen Informatiounen no ass et an deene leschte Wochen a Méint, zu sëllege Fäll vu Verspéidungen, Annulatiounen a laange Waardezäiten, souwéi och engem Manktem u gudder Kommunikatioun mam Adapto-Service komm. D’Utilisateure vum Service si guer net oder ze spéit iwwer Retarde vum Adapto informéiert ginn, a Reklamatioune sinn oft net genau traitéiert ginn.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Wéi héich ass d‘Unzuel u Verspéidunge beim Adapto-Service?
  • Wéi vill Reklamatiounen si vu Januar 2023 bis elo beim Adapto-Service eragaangen?
  • Wéi eng kuerz – a mëttelfristeg Mesuren ass d‘Regierung gewëllt ze huele fir de Service vum Adapto ze verbesseren?

 

Aus der Äntwert op d‘parlamentaresch Fro N°7940 geet ervir, dass an der gesamter Verwaltung fir den ëffentlechen Transport, tëschent Januar a Mee 2023 eng „Revue organisationnelle“ gemaach ginn ass, souwéi een DPIA, dee nach virum Summer sollt fäerdeg sinn.

  • Ginn et vun der genannter „Revue organisationnelle“ schonn éischt Evaluatiounen, Auswäertungen oder Verbesserungsvirschléi?
  • Wéini gëtt den DPIA verëffentlecht a wéi eng Konklusioune kënne gezu ginn?

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

Hei fannt dir d’Äntwert :

282908

Zréck