Wéi héich ass den Undeel u Schüler, déi fir d’Rentrée 2022/2023 op Occasiounsbicher zréckgegraff a sech e Bong ausstelle gelooss hunn, amplaz d’Offer vun de gratis neie Schoulbicher ze notzen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Zënter der Rentrée 2018/2019 sinn déi obligatoresch Schoulbicher fir d’Schüler aus dem Enseignement Secondaire bekanntlech gratis. An déi Schüler, déi gebrauchte Bicher benotze wëllen, gi mat engem Akafsbong am Wäert vu 50 Prozent vum Neiwäert vum Buch belount, nozeliesen um Portal mybooks.lu : „Le ministère encourage l’utilisation durable et responsable des manuels scolaires. Si tu possèdes ou achètes des manuels scolaires d’occasion, au Bichermaart par exemple, tu recevras un bon d’achat pour d’autres livres équivalant à 50% du prix des manuels neufs. Le bon d’achat permet d’acheter exclusivement des livres (scolaires qui ne sont pas gratuits ou autres).“

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Wéi héich ass den Undeel u Schüler, déi fir d’Rentrée 2022/2023 op Occasiounsbicher zréckgegraff a sech e Bong ausstelle gelooss hunn, amplaz d’Offer vun de gratis neie Schoulbicher ze notzen?
  • Kann den Här Minister mir eng entspriechend Opstellung vun der Evolutioun pro Schouljoer zënter dem Aféiere vun de gratis Schoulbicher zoukomme loossen?
  • Virum Hannergrond vun der Iddi fir sou mann wéi méiglech Ressourcen ze verbëtzen, wéi eng weider Mesure plangt den Här Minister fir d’Schüler z’encouragéieren, verstäerkt op gebrauchte Bicher zréckzegräifen an esou och d’Traditioun vum Bichermaart ze stäipen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck