Wei erkläert sech d’ Regierung des staark Hausse vun extremen Aarmutsrisiko bei Elengerzéienden?

Här President,

 

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un d‘ Madamm Familljeministesch weider ze leeden.

D’Chambre des Salariés huet rezent eng Etüd verëffentlecht iwwert den Aarmutsrisiko vun den Monoparentaux hei zu Lëtzebuerg. D`CSL weist an hirer Etüd iwwer d’Aarmut, datt 46,2 % vun den Elengerzéienden, no den Transfert sociaux an de Pensiounen, vum Aarmutsrisiko betraff sinn.

D`Zuel vun den elengerzéiende Famillen di manner wéi 40 Prozent vum Revenu équivalent médian zur Verfügung hunn, an esoumadder ënnert en extremen Aarmutsrisiko falen, läit säit 2016 bei 23,3 Prozent. Teschend 2008 an 2015 louch des Zuel an der Moyenne bei 11%.

Dëse Pourcentage huet sech also tëscht 2015 an 2016 méi wéi verduebelt. An och 2017 louch en ëmmer nach bei 21,7%, huet also no der Verduebelung net signifikativ ofgeholl.70 Prozent vun den Elengerzéienden Eltere schaffen, mee hunn een Deelzäitjob, deen dacks schlecht bezuelt ass.

Vu dat Madamm Ministesch wärend der Froestonn an der Chamber vum 18. Juni 2019 net op meng Froen (question parlementaire n°50) geäntwert huet, well ech folgend Froen nach eng Kéier un d`Madamm Ministesch stellen:

  1. Wei erkläert sech d’ Regierung des staark Hausse vun extremen Aarmutsrisiko bei Elengerzéienden?
  2. Gëtt no den Ursaache gefuerscht?
  3. Ass déi Zuel vu ronn 22-23% vun extremem Aarmutsrisiko bei Monoparentaux net Grond genuch, elo ganz geziilt fir des Populatioun Mesuren z’ergräifen?

 

Mat déiwem Respekt,

 

Paul Galles

Deputeierten

Zréck