Wéi eng Recours-Méiglechkeeten huet e Fahrlehrer, fir de Virworf vun enger „Intervention de secours de l’instructeur“ ze kontestéieren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

No engem net bestane Führerschäinsexame kann et zu Interpretatiounsdivergenze bei de Grënn kommen, déi um „Bulletin d’examen pratique“ vum Examinateur vun der „Société nationale de la circulation automobile“ (SNCA) ugekräizt respektiv opgeschriwwe gi sinn. Een Diskussiounspunkt kann hei de Reproche vun enger „Intervention de secours de l’instructeur“ sinn, déi direkt zum Echec féiert: Heifir ginn 20 vu 60 Punkten ofgezunn, a fir den Examen ze packen, muss ee mindestens 45 vu 60 Punkten hunn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte riichten:

  • Kann den Här Minister mech driwwer informéieren, wéi eng „Intervention de secours de l’instructeur“ am Führerschäinsexamen definéiert gëtt?
  • Wéi eng Recours-Méiglechkeeten huet e Kandidat, fir den Echec vun engem prakteschen Examen ze kontestéieren?
  • Wéi eng Recours-Méiglechkeeten huet e Fahrlehrer, fir de Virworf vun enger „Intervention de secours de l’instructeur“ ze kontestéieren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck