En net geimpfte Schüler, deen amgaang ass, e Beruff ze léieren, riskéiert sain Recht op Bildung ze verléieren, wann e sech d’zertifiéiert Schnell-Tester net ka leeschten. Ass den Här Minister gewëllt, de Schüler aus der Beruffsausbildung gratis zertifiéiert Tester zur Verfügung ze stellen ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

An deene meeschte Beruffsausbildunge sinn d’Schüler zum Deel an der Schoul an zum Deel am Ausbildungsbetrib. De Wierder vum Educatiounsminister no huet all Schüler d’Recht op Bildung, och wann e sech net wëll impfe loossen.

En net geimpfte Schüler, deen amgaang ass, e Beruff ze léieren, riskéiert awer, dëst Recht op Bildung ze verléieren, wann e sech déi zertifiéiert Schnell-Tester net ka leeschten. Mengen Informatiounen no gëtt et nämlech dann elo e Fall, wou sou e Schüler muss ophalen, well en déi zertifiéiert Tester net ka bezuelen an sou d’Konditioun net erfëllt, fir beim Patron ze schaffen.

Virum Hannergrond vun enger eventueller Benodeelegung vun dëse Schüler an der Beruffsausbildung par Rapport zu hire Kolleegen, déi 100 Prozent vun hire Schoulstonnen an der Schoul verbréngen, wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Wéi positionéiert sech den Här Educatiounsminister par Rapport zum beschriwwene Fall an der Tatsaach, dass Schüler an der Beruffsausbildung déi noutwenneg zertifiéiert Tester musse bezuelen ?
  • Wéi eng Mesuren plangt den Här Minister ze huelen, fir dass och net geimpfte Schüler aus der Beruffsausbildung hiert Recht op Bildung an der Praxis zu 100 Prozent kënne wouer huelen ?
  • Ass den Här Minister gewëllt, de Schüler aus der Beruffsausbildung gratis zertifiéiert Tester zur Verfügung ze stellen ?
  • Wa jo, vu wéini un an iwwer wéi e Wee ?
  • Wann net, firwat net ?
  • Oder ass den Här Minister gewëllt, d’Schnelltester aus der Schoul fir d’Beruffsausbildung unerkennen ze loossen ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck