Wéi eng Mesure gedenkt d‘Regierung am Kader vun der Drogeproblematik am CSEE ze huelen? Wat ass scho gemaach ginn?

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den d’Madamm Justizministesch, un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

 

An engem aktuellen RTL-Artikel vum 8. August 2023 sinn Ex-Mataarbechter aus dem  Centre socio-éducatif de l’État (CSEE) interviewt ginn. Dobäi erzielt ee vun den Ex-Mataarbechter z.B.: “Déi Jonk hunn hiren Joint an der Hand oder an der Täsch, kiffe virun den Ae vum Personal a verstoppe sech mol net méi.” D’Fouille des personnes soll generell net anstännegt duerchgefouert ginn heescht et weider. Och de Geschlechtsverkéier am CSEE ass ee grousst Thema: Eng Educatrice aus der Unisec ass souguer schwanger gi vun engem Jong, deen do placéiert war“, erzielt ee vum Ex-Personal. Doriwwer eraus soll eng weider Educatrice eng Affär mat engem knapp 16 Joer ale Pensionnaire gehat hunn, de Jong eleng gesinn hunn, ëm Kaddoe gemaach hunn an hie bei sech doheem verstoppt hunn.

 

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Justizministesch, un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen:

 

  • Kann de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend déi am RTL-Artikel genannte Fait’en bestätegen?
    • Wa jo, säit wéini huet de Ministère Kenntnis iwwert dës Situatioun?

 

  • Sinn déi am RTL-Artikel genannte Fait‘en strofrechtlech poursuivéiert ginn?
    • Wa nee, firwat?
    • Wa jo, wat waren d‘Konsequenzen dovun?

 

  • Sinn déi am RTL-Artikel genannte Fait‘en disziplinaresch poursuivéiert ginn?
    • Wa jo, zu wéi enge Strofen ass et komm?
    • Wa nee, firwat?

 

  • Wéi eng Mesure gedenkt d‘Regierung am Kader vun der Drogeproblematik am CSEE ze huelen? Wat ass scho gemaach ginn?

 

  • No wéi enge Krittäre gëtt d’Personal am CSEE agestallt?
    • Si Formatiounen a punkto Drogeproblematik ugebuede ginn, fir d‘Liewen an engem Prisong wéi dem CSEE besser ze verstoen?
    • Kann de Ministère bestätegen dass et kloer Instruktiounen un d’Personal gi sinn, dass keng Relatioun tëscht Jugendlechen an dem Personal entstoe soll?

 

  • Ass d’Regierung der Meenung, dass d‘Secherheet an d‘Kontrollen am CSEE substantiell missten eropgesat ginn?
  • Wa jo, wéi wäert dat ausgesinn?

 

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

                                           Léon Gloden                                         Laurent Mosar

Deputéiert

Zréck