Wéi eng Méiglechkeeten hunn d’Notzer en dehors vun der Adapto-App, fir am Fall vun engem Problem awer en Adapto-Bus onkomplizéiert kënnen unzefroen ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no gëtt d’Reservéierungsplattform vum Adapto-Service zanter dem 1. September 2021 net méi, wéi bis dohin, vun enger Lëtzebuerger Start-up bedriwwen, mee vun enger hollännescher Entreprise mat US-amerikaneschen Originnen. Mam Wiessel vum Bedreiwer vun der Adapto-App wieren d’Kannerkränkte vum System zréckkomm, heescht et weider. Genau dës Problemer hätt déi Lëtzebuerger Start-up, déi mat Subside vum Wirtschaftsministère ënnerstëtzt gouf, awer an der Tëschenzäit geléist gehat.

An der Praxis bedeit dat, dass d’Notzer vun der Adapto-App elo nees mat Problemer bei der Reservatioun vu Servicer konfrontéiert sinn.

Virum Hannergrond vun dësen Informatioune wéilte mir folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen :

  • Kann den Här Mobilitéitsminister dëse Wiessel vum Bedreiwer vun der Adapto-Plattform confirméieren an eis, am positive Fall, d’Grënn nennen, firwat sech fir eng auslännesch Entreprise decidéiert gouf, obwuel virdru gutt Erfarunge mat enger Lëtzebuerger Start-up gemaach goufen ?
  • Kann den Här Mobilitéitsminister confirméieren, dass et zanter dem Wiessel nees Problemer mat der Adapto-App gëtt an eis, am positive Fall, eng detailléiert Oplëschtung vun de Schwieregkeeten erstellen, mat deenen d’Notzer an der Praxis konfrontéiert sinn ?
  • Wéi eng Méiglechkeeten hunn d’Notzer en dehors vun der Adapto-App, fir am Fall vun engem Problem awer en Adapto-Bus onkomplizéiert kënnen unzefroen ?
  • Wéi ass de Kontakt tëscht dem Bedreiwer vun der Adapto-App, der Mobilitéitszentral an den Adapto-Bus-Operateuren um Terrain organiséiert ?
  • Wëssend dass an der ëffentlecher Ausschreiwung vun der Reservéierungsplattform nieft dem Adapto-Service och de Capabs-Transport (Transport Complémentaire d’Accessibilité pour Personnes à Besoins Spécifiques) virgesi war, kann den Här Mobilitéitsminister confirméieren, dass déi entspriechend App nach ëmmer net operationell ass an eis, am positive Fall, driwwer informéieren, wou d’Problemer leien a bis wéini déi solle behuewe sinn ?
  • Kann den Här Minister confirméieren, dass aner Fournisseuren, déi bei der ëffentlecher Soumissioun matgemaach hunn, méi eng präiswäert Offer wéi déi vun der auslännescher Entreprise agereecht haten?
  • Wa jo, wat waren déi decisiv Facteuren, déi dozou gefouert hunn, dass déi auslännesch Entreprise den Zouschlag krut?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Martine Hansen                                                Serge Wilmes

Co-Fraktiounspresidentin                                       Deputéierten

Zréck