Wéi ass d’Auslaaschtung vun de Better an den eenzele Klinicken am Land?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Zu Lëtzebuerg wiisst d’Populatioun all Joers ëm méi wéi 10.000 Awunner. Dowéinst gëtt et ënner anerem och ëmmer méi schwéier, an de Klinicken e Bett ze kréien. Eng virausschauend Planung ass duerfir extrem wichteg. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Wéi ass d’Auslaaschtung vun de Better an den eenzele Klinicken am Land?
  • Gëtt et eng Berechnungsmethod fir – an Ofhängegkeet vun der Augmentatioun vun der Populatioun – déi zukünfteg gebrauchte Betterzuel ze leen?
  • Wann jo, wéi vill nei Better ginn an den nächsten 10 Joer pro Regioun a pro Klinik gebraucht?
    • Sinn des zousätzlech gebrauchte Better schonn a Planung?
    • Op wat fir Critèrë baséiert d’Berechnungsmethod?
  • Wann neen, wéi plangt de Ministère den zukünftege Bedarf; resp. wéi well en sécher stellen, datt och an Zukunft, mat wuessender Bevëlkerung, d’Gesondheetsversuergung nach ka garantéiert ginn?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck