Wat sinn d’Konsequenze vun der Net-Verlängerung vun der Konventioun tëschent dem Mobilitéitsministère an dem TICE?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Aus engem Schreiwes vum Minister fir Mobilitéit un d‘Personaldelegatioun vum TICE geet ervir, dass déi bestoend Konventioun bis 2024, tëscht dem TICE an dem Ministère fir Mobilitéit, net méi verlängert gëtt.

Wëssend, dass den TICE ee vun deenen eelste Syndikater zu Lëtzebuerg ass, bedauert d’Personaldelegatioun vum TICE an engem Schreiwes u seng Mataarbechter, dass am Süde verschidde Linnen unhand vun der neier Konventioun an Zukunft net méi subventionéiert wäerte ginn. D’Konsequenzen dovunner wäre gravéierend. Déi syndikéiert Gemenge missten déi zousätzlech Käschte selwer droen, wat logescherweis dozou féiert, dass Aarbechtsplaze kéinte gestrach ginn.

An dem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Wat gedenkt den Här Minister z‘ënnerhuelen, fir z‘evitéieren, dass d‘Gemengen op de Käschte sëtze bleiwen?
  • Wéi well de Minister evitéieren, dass Aarbechtsplaze musse gestrach ginn?
  • Wat fir aner Konsequenzen huet déi nei Konventioun fir d’Gemengen, d’Personal an d’Clienten?

Här President, ech bieden Iech dës Froe mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck