Wat sinn d’Grënn fir datte Leit déi un Inkontinenz leiden an déi iwwer 18 Joer aal sinn an net u Spina-bifida leiden, d’Käschten fir hier Wëndelen, un déi si am Alldaag ugewisen sinn, net rembourséiert kréien?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeleeden.

Leit déi mat Inkontinenz geplot sinn, sinn op speziell Wëndelen ugewisen. Esou ewéi den Här Minister et a senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 2257 confirméiert, kann eng fleegebedierfteg Persoun, déi op de Seuil vun 3,5 Stonne Fleeg am Beräich vun den «actes essentiels de la vie» kënnt, laut dem Artikel 349, 1 Alinea vum Code vun der sozialer Sécherheet, vun engem «Forfait pour matériel d’incontinence» profitéieren. An där selwechter Äntwert huet den Här Minister och ënnerstrach, datt d’Krankeversécherung ënnert bestëmmte Konditioune Fraise fir d’Wëndelen bei Kanner iwwer 2 Joer an ënner 18 Joer, déi ënner enger Inkontinenz leiden, iwwerhëllt. Fir Leit iwwer 18 Joer géingen d’Wëndelen rembourséiert gi vun der Krankeversécherung fir all Persoun déi vum Spina-bifida betraff sinn an inkontinent sinn.

 

Et ass awer allgemeng bekannt, datt et och Leit ginn déi ënner enger Inkontinenz leiden an net vum Spina-bifida betraff sinn.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir sozial Sécherheet stellen:

 

  • Wat sinn d’Grënn fir datte Leit déi un Inkontinenz leiden an déi iwwer 18 Joer aal sinn an net u Spina-bifida leiden, d’Käschten fir hier Wëndelen, un déi si am Alldaag ugewisen sinn, net rembourséiert kréien?
  • Am Fall vun enger schrëftlech konstatéierter Inkontinenz vum Dokter, wier et do net ubriecht och deenen Leit déi iwwer 18 Joer aal sinn an net u Spina-bifida leiden d’Fraise vun de Wëndelen ze rembourséieren?
  • Bei Spina-bifida, kennt et zu neurologeschen Ausfäll. Mam Ziel keen auszegrenzen, mengt den Här Minister net datt een och aner (neurologesch) Krankheeten oder Feelbildungen déi zu Inkontinenz féieren, misst consideréieren?
  • Deelt de Minister d’Meenung datt et sënnvoll wier dës Fraise fir déi betraffe Leit, bei deenen eng Inkontinenz festgestallt ginn ass, ze iwwerhuelen?

 

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                  Marc Spautz                            Jean-Marie Halsdorf

 

 

Deputéiert

Zréck