Wat sinn d’Grënn dofir datt eng grouss Majoritéit vun de Prisonéier refuséiert sech impfen ze loossen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet an un d’Madamm Justizminister weider ze leeden.

Rezent goufen et eng Rei Covid-Infektiounen am Prisong zu Schraasseg an et goufen Informatiounen dozou datt eng grousse Majoritéit vun de Prisonéier refuséiert sech impfen ze loossen.

Aus dëse Grënn wollt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi eng Grënn gi fir en eventuelle Refus sech impfen ze loosse genannt?
  2. Wéi gesäit dat sanitär Konzept am Prisong aus? Halen d’Prisonéier sech drun fir sech an déi aner ze schützen, wëssend datt d‘Personal virum Virus geschützt muss gi fir kënnen hir Missioun ze assuréieren?
  3. Ass virgesinn och d’Personal aus dem Prisong ze impfen, fir souzesoen e Cordon sanitär ronderëm d’Prisonéier ze leeën?
  4. Wéi ass d’Prozedur am Fall vu schwéiere Krankheetsverleef vu Prisonéier a wou a wéi gëtt eng evtl. Hospitalisatioun organiséiert an encadréiert?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

 

Zréck