Wat sinn d‘Grënn dofir, dass automatiséiert Passkontrolle reegelméisseg zou sinn?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

 

De 26. Juli 2018 ass um Flughafe Findel d’automatesch Passkontroll agefouert ginn. Doduerch kënnen d’Passagéier déi aus Länner ausserhalb vum Schengen-Raum an- oder ausreesen, hire Pass selwer scannen. D’Investitiounen an dës Technologie hunn sech am Joer 2018 op eng Zomme vun 3,65 Milliounen Euro belaf, wouvun 2,35 Milliounen Euro vum Fluchhafebedreiwer iwwerholl gi sinn, a ronn 1,3 Milliounen Euro vum Lëtzebuerger Staat gedroe gi sinn. An der Praxis sinn dës automatiséiert Passkontrollen oft net operabel. D’Borne bleiwen zou an d’Passkontroll gëtt manuell vun engem Mataarbechter iwwerholl. Dëst kascht net nëmmen Zäit, mee et muss och ee Mataarbechter disponibel sinn.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen:

 

  • Kann d’Regierung déi uewe genannte Feststellunge bestätegen?
    • Wa jo, wat sinn d‘Grënn dofir, dass dës automatiséiert Passkontrolle reegelméisseg zou sinn?
    • Wa jo, wat ënnerhëlt d’Regierung fir de Probleem ze behiewen?

 

Här President, ech bieden Iech dës Fro, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Elisabeth Margue

Deputéiert

Zréck