Wat plangt d’Regierung laangfristeg mat deem gesamte Site ronderëm d'”Château de Schimpach” z’ënnerhuelen?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Ausseminister a Minister fir d’Immigratioun weiderzeleeden.

 

Zu deem ale «Château de Schimpach», zu Schëmpech zielt haut ee fréiert Gebai vun der Protection civile, eng al Gierwerei an ee grousse Park. Eisen Informatiounen no steet déi fréier Schoul vun der Protex zënter méi wéi 2 Joer eidel. De Park an d’Grénganlag ronderëm, déi fréier vun engem Portier vun der Protex ënnerhal gi sinn, si verwahrlost. Déi al Gierwerei ass mat engem grousse Reuniounssall schéi reamenagéiert ginn, steet awer och säit Joren eidel.

 

Virun 2 Joer hat d’Regierung annoncéiert Demandeure vun enger Protection internationale op dem Site ënnerzebréngen. D’Wëntger Schoul huet sech doropshi preparéiert fir eng Klass d’Intégration opzemaachen, wou d’Kanner vun dëse Famillje sollen opgeholl ginn. Bis haut sinn awer weder Leit an d’Schëmpecher Schlass relogéiert ginn, nach si Kanner vun dësem Site an d’Schoul op Wëntger komm.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Ausseminister a Minister fir d’Immigratioun stellen:

 

  • Wat plangt d’Regierung laangfristeg mat deem gesamte Site z’ënnerhuelen?
    • Wat soll mam Übungsturm vun der Protex geschéien?
    • Wat ass konkret fir déi al eidelstoend Gierwerei geplangt?
    • Ween ass zoustänneg fir d’Ënnerhale vum Park a vun der Grénganlag?
  • Gedenkt d’Regierung de Site iwwergangsweis anescht ze notze bis DPI’en dohinner wunne komme? Wa jo, wéi?
    • Kéint de Site der Gemeng zur Verfügung gestallt ginn?

 

Här President, ech bieden Iech dës Fro, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck