Wat passéiert mat deene Leit, déi ausserhalb vun den Ëffnungszäite vun der Immigratiouns-Direktioun ukommen an Asyl wëllen ufroen? 

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister a Minister fir d’Immigratioun weiderzeleeden.

Am August koum et zu enger Ännerung bei der Opnam vu Flüchtlingen. Am Centre de primo-accueil um Kierchbierg gi Flüchtlingen nëmmen nach opgeholl, wann se virdru schonn hir Demande fir internationalen oder temporäre Schutz bei der Immigratiouns-Direktioun op der Areler Strooss gemaach hunn. Dës Ännerung bréngt mat sech, datt verschidde Flüchtlinge riskéieren, op der Strooss ze landen, e.a., well d’Büroen vun der Administratioun an der Woch just tëschent 8.30 an 12 Auer op sinn an de Weekend ganz zou sinn.  An dem Kontext   géing ech gär folgend Froen un den Här Ausseminister a Minister fir d’Immigratioun stellen:

  • Aus wat fir Grënn ass d’Prozedur fir den éischten Accueil vu Flüchtlinge geännert ginn?
  • Wat passéiert mat deene Leit, déi ausserhalb vun den Ëffnungszäite vun der Immigratiouns-Direktioun ukommen an Asyl wëllen ufroen?
  • Wéi vill Leit sinn zanter der Ännerung vun der Prozedur am Centre primo-acceuil um Kierchbierg ofgewise ginn?
  • Envisagéiert de Ministère, d’Ëffnungszäite vun der Direction de l’Immigration an der Woch unzepassen, respektiv ze verlängeren?
  • Envisagéiert de Ministère, eng Ulafstell fir de Weekend ze schafen ?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Deputéierten

 

 

Zréck