Wat huet zu der Fermeture vum Siège vum Guichet SNCA an der Regioun Klierf gefouert?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Als Konsequenz vun der Reform vum SNCA ass opgrond vun der Ouverture vun hirem néie Siège um Fridhaff de 17. Juli 2023, de Guichet vun der SNCA an der Regioun Klierf den 13. Juli 2023 zougemaach ginn. Dës Fermeture kennt 3 Joer nodeems de Guichet den 9. Januar 2020 vu Wëlwerwolz op Maarnech transferéiert ginn ass, a bedeit eng kloer Benodeelegung fir d’Leit aus dem Norden.

A senger Äntwert op d‘erwéidert Fro N° 182 bezitt de Minister fir Mobilitéit sech op duerchgefouert Analysen, déi de neie Standuert vum respektive Service vum SNCA, definéiert hunn. Dës Standuertauswiel bestätegt, dass Servicer aus dem Norde wech beweegt ginn, a soumat net am Sënn vun der Dezentraliséierung gehandelt gëtt. Sou mussen elo beispillsweis Bierger aus de Kantone Wolz oder Klierf een Trajet vun 30 bis 45 Minutte méi zeréckleeë fir dëse Service an Usproch ze huelen.

An dem Kontext wéilte mir folgend Froen un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Wat huet zu der Fermeture vum Siège vum Guichet SNCA an der Regioun Klierf gefouert?
  • Wéi eng konkret Elementer, aus deene vum Här Minister genannten Analysen zum neie Siège, loossen drop schléissen, dass dëse Service vum SNCA net hätt kënnen éierens anescht an der Regioun Klierf ugebuede ginn?
  • Wier et méiglech gewiescht en Site méi héich am Norden ze fannen?

 

Här President, mir bieden Iech dës Froen, mat eisem déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                             Emile Eicher

Co-Fraktiounspräsidentin                    Deputéierten

Zréck