Wat gëtt géint déi aktuell massiv Schwieregkeete beim Schülertransport an der Nordstad ënnerholl ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës urgent Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Laut eisen Informatioune gëtt et aktuell massiv Schwieregkeete beim Schülertransport an der Nordstad (Ettelbréck an Dikrech).

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen :

  • Huet den Här Minister Kenntnis vu gréissere Schwieregkeete beim Schülertransport an der Nordstad (Ettelbréck an Dikrech)?
  • Ass den Här Minister bereet, kuerzfristeg d’Problemer am Detail z’erfaassen a Léisungen ze proposéieren?
    • Wa jo, wéi eng Léisunge proposéiert den Här Minister an a wéi engem Zäitraum?
    • Wann net, wéi argumentéiert den Här Minister seng Zréckhalung ?
  • Ass den Här Minister sech bewosst, dass duerch des Situatioun vill Jugendlecher mussen op den Auto zeréckgräifen?
  • Ass den Här Minister gewëllt, déi Jugendlech, déi sech net kënnen op den ëffentlechen Transport verloossen, op déi eng oder aner Aart a Weis z’ënnerstëtzen ?
    • Wa jo, wéi géif dës Ënnerstëtzung ausgesinn ?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                                                Aly Kaes

Co-Fraktiounspresidentin                                                   Deputéierten

Zréck