Wat geschitt am Kader vun der Fonctionarisatioun mat deene Chargéen, déi den „Examens-concours en vue de l’admission au stage d’enseignant“ inklusiv Legislatiouns-Examen zwar gepackt, sech awer net „en rang utile“ klasséiert haten? Kréie si de bestanene Concours unerkannt?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Déi national Vereenegung vun de Chargéen (Association des chargés de l’enseignement national a.s.b.l. – ACEN) huet dëser Deeg op d’Aarbechtskonditioune vun hire Memberen higewisen. Dobäi gouf ënner anerem Kritik un de Modalitéite vun der Méiglechkeet vun der Fonctionarisatioun ausgedréckt.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Wat geschitt am Kader vun der Fonctionarisatioun mat deene Chargéen, déi den „Examens-concours en vue de l’admission au stage d’enseignant“ inklusiv Legislatiouns-Examen zwar gepackt, sech awer net „en rang utile“ klasséiert haten? Kréie si de bestanene Concours unerkannt?
    • Wa jo, a wéi enger Form gëtt de bestanene Concours unerkannt?
    • Wann net, firwat net?
  • Wat geschitt am Kader vun der Fonctionarisatioun mat deene Chargéen, déi virun hirem Wiessel an den Enseignement an engem aneren Domaine an der Fonction publique geschafft hunn? Kréie si deen Deel vun hirer berufflecher Karriär unerkannt?
    • Wa jo, a wéi enger Form?
    • Wann net, firwat net?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck