Wat gedenkt d’Regierung z’ënnerhuelen, fir Hacking-Attacken op d’Luxair virzebeugen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Laut RTL-Informatioune vum 18. August 2023 si perséinlech Passagéier-Donnéeë bei der Luxair gehacked ginn, well dës an enger Cloud stockéiert waren, déi net adaptéiert geséchert war. Dobäi sollt et sech ëm Donnéeë vun dausende Passagéier handelen, déi tëschent Enn 2020 a Juli dëst Joer wéinst engem Retard oder Annulatioun vun engem Luxair-Vol eng SMS respektiv e Bong fir en Hotel oder e Restaurant kritt hunn. Et besteet eng handfest Méiglechkeet, dass Donnéeë vun all dëse Passagéier am Ëmlaf sinn, ouni den Accord vun de betraffene Leit. D’Luxair huet d’Leit doropshi viru Phishing-Attacke gewarnt.

An dësem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Kann d’Regierung eis erklären, wéi et zu esou engem graven Incident komme konnt?
  • Wat gesinn d’Richtlinne vun der Airline vir, fir esou Hacking-Attacke virzebeugen?
    • Wat ass zënter der leschter Cyberattack op d’Luxair Donnéeën am Joer 2016 ënnerholl ginn?
  • Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen, fir esou Hacking-Attacken an Zukunft virzebeugen?
  • Wéi wäerten déi betraffe Passagéier entschiedegt ginn?

Här President, mir bieden Iech dës Froen, mat eisem déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm                                          Laurent Mosar

Deputéiert                                                 Deputéierten

Zréck