Wat gedenkt d’Regierung ze maachen fir dass manner Leit duerchfalen beim Führerschäinsexamen?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no falen aktuell ronn 50% vun de Leit beim éischte praktesche Führerschäinsexamen duerch a kréien zum Deel wärend der Faart Fale gestallt. Dës Zuele confirméiert de Minister och a senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°7521 a schwätzt vun engem Taux d’Echec vu 47,5% fir d’Joer 2022.

 

 

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Wat ass d’Positioun vun der Regierung zu dësem héijen Taux d’Echec?
    • Wéi hunn d‘Zuelen iwwert déi läscht 10 Joer evoluéiert?
    • Wéi gedenkt d’Regierung dës Zuelen ze verbesseren?
  • Kann d’Regierung confirméieren, dass d’Fahrpréiwer de Kandidate Fale stellen?
  • Wat kascht de Führerschäin ee Fuerufänger an der Moyenne, wann een den Taux d’Echec mat arechent?
    • Wéi steet Lëtzebuerg do par Rapport zum Ausland?

 

 

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

 

 

réponse_8164

Zréck