Uerteel iwwer Wëldschued an der réserve naturelle Prënzebierg : Wat sinn d’Konsequenzen ?

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert de Wëldschued an de réserves naturelles un Madamm Ëmweltminister weider ze leeden.

 

Laut mengen Informatiounen hunn verschidde Jeeër géint de lëtzebuerger Staat geklot a kierzlech och Recht kritt , well si net bereet ware fir de Wëldschued op hirem Juegdlous an der réserve naturelle Prenzebierg (Giele Botter) opzekommen, dat op landwirtschaftlechen Terrainen innerhalb vun der réserve naturelle. Argumentéiert gouf mat verschiddene Oplagen aus dem Règlement grand-ducal du 20 novembre 1991 déclarant zone protégée la réserve naturelle Prenzebierg englobant des fonds sis sur le territoire des communes de Differdange et de Pétange, déi d’Aktivitéit vun der Juegd wuel net verbidden, ma däitlech aschränken.

An dësem Kontext wollt ech der Madamm Ëmweltminister folgend Froe stellen

·         Huet Mme Minister Kenntnis vum uewegenannten Urteel?

·         Wéi eng Konsequenze sinn duerch dat Urteel ze erwaarden?

·         Ass Wëldschued innerhalb vu réserves naturelles elo direkt un de Staat ze riichten, esou wéi dat de Fall ass bei Schued duerch geschützten Aarten?

·         Ginn Bestëmmungen an de spezifesche Reglementer iwwert réserves naturelles, déi d’Aktivitéit vun der Juegd aschränken, adaptéiert?

·         Falls de Staat net bereet ass Dispositiounen zur Aktivitéit vun der Juegd an de réserves naturelles ze änneren an decidéiert géint dat Urteel an Appell ze goen, ass virgesinn dat de Staat dee Moment d’Juegdgeld op deene concernéierten Terrain’en fir de Pächter begläicht?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Députéiert

Zréck