Studenten kënnen ënner gewëssen Viraussetzungen indemniséiert ginn, wann si am Kader vun hirer Ausbildung e Stage maachen. Firwat gëllt des Reegelung net fir Medezinsstudenten, déi am Kader vun hirem Studium e Stage am Secteur hospitalier maachen ?

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

D’Gesetz vum 4. Juni 2020 gesäit vir, dat Studenten ënner gewëssen Viraussetzungen indemniséiert ginn, wann si am Kader vun hirer Ausbildung e Stage maachen. Eisen Informatiounen no gëllt des Reegelung net fir Medezinsstudenten, déi am Kader vun hirem Studium e Stage am Secteur hospitalier maachen.   An dësem Kontext géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Kënnt Dir des Informatiounen confirméieren?
    • Wa jo, gëllt des Reegelung just fir Medezinsstudenten oder och fir Studenten, déi eng Infirmier- oder soss eng Ausbildung am Gesondheetssecteur maachen?
  • Wat sinn Grënn fir des Ausnamereegelung?
  • Denkt d‘Regierung drun, an deem Punkt eppes ze änneren, fir dat och Medezinsstudenten kënnen indemniséiert ginn, wann si e Stage maachen?

 

Här President, ech  Iech bieden mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Deputéiert

 

 

Zréck