Stëmmt et, dass bestëmmte Formatiounen – och am Beräich vun der Landwirtschaft – an Zukunft net méi fir den Equipement mat Laptoppen a Fro kommen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Digitalisatioun ass Deel vun der Educatioun. Et ass deemno net vun ongeféier, dass an de Lycéeën ëmmer méi Formatiounen ugebuede ginn, bei deenen d’Schüler mat informateschem Material schaffen, mat Tablet (iPad) oder Laptop, sou zum Beispill beim Projet One-2-One vum Ministère.

Bei bestëmmte Formatiounen ass bewosst de Choix geholl ginn, fir mat Laptoppen ze schaffen, well fir de Cours eng Windows-Plattform gebraucht gëtt. Mengen Informatiounen no kruten an de leschte Wochen awer bestëmmte Formatiounen – dorënner och de Beräich vun der Landwirtschaft – Bescheed gesot, dass déi entspriechend Schüler vu kommendem Joer un net méi a Fro géife kommen, fir mat Laptoppen equipéiert ze gin. Fir déi landwirtschaftlech Formatioune bedeit dat, dass d’Inhalter aus de Programmer net méi kënne vollstänneg ëmgesat ginn, a virun allem dass d’Ausbildung net méi un d’Entwécklung an d’Ufuerderunge vun der Praxis ugepasst ass.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Kann den Här Minister confirméieren, dass bestëmmte Formatiounen an Zukunft net méi fir den Equipement mat Laptoppen a Fro kommen?
    • Wa jo, wat ass de Grond fir déi Decisioun?
  • Ass den Här Minister net der Meenung, dass och am Beräich vun der Landwirtschaft mat sougenannte „Smart Technologies“ geschafft gëtt an dass grad dës Schüler via adequat informatescht Material heizou Zougang missten hunn?
  • A wéi wäit ass am Virfeld vun der entspriechender Decisioun zu Gonschte vun Tablets iwwerpréift ginn, ob doduerch fir déi betraffe Formatiounen respektiv Schüler eventuell Nodeeler bei der Wëssensvermëttlung entstinn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

 

 

Zréck