Steierreform: Zesummesetzung vun engem Aarbechtsgrupp fir déi Steierreform?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 717

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert Steierreform un den Här Finanzminister ze riichten.

An der Äntwert op parlamentaresch Fro Nummer 639 vum 16. Abrëll 2019 zum Thema Steierreform an Individualisatioun huet den Här Finanzminister confirméiert de Finanzministère, zesumme mat der Steierverwaltung, en internen Aarbechtsgrupp opgesat, deen am Gaang ass méiglech Pisten ze analyséieren. Leider huet den Här Finanzminister op eng Partie Froen zu den Aarbechtsgruppen déi an der Fro No 639 och gestallt goufe keng Äntwerte ginn, sou dass ech mir erlabe folgend Froen nach eng Kéier un den Här Finanzminister ze riichten.

  • Besteet dësen Aarbechtsgrupp exklusiv aus Beamten aus dem Finanzministère an der Steierverwaltung?
  • Sinn och Leit aus der Privatwirtschaft un dësem Aarbechtsgrupp bedeelegt ?
  • Wa jo op wéi enger Basis goufen dës Leit eraus gesicht ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck