Sollten d’Usoen am Fliger bei der Luxair net och op Lëtzebuergesch sinn ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.
Mir ass zu Ouere komm, datt wärend dem Fluchbetrieb vu Luxair-Fligeren d’Usoen net méi a Lëtzebuerger Sprooch gemaach ginn, ma just nach op Franséisch an Englesch. Dëst wier eng nei Direktiv vu Säiten vun der Direktioun vun der Airline, heescht et.
Et ass kloer, datt den Equipage op de Luxair-Flich net a 4 Sproochen, also an den 3 offizielle Sproochen zu Lëtzebuerg an dem Engleschen, brauch ze kommunizéieren. Et sollt een awer och bedenken, dass déi international Sprooch d’Englesch ass.
Am Kader vun dësen Iwwerleeungen, wéilt ech folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen:
Ass den Här Minister net der Meenung, datt eis national Fluggesellschaft Luxair déi mëndlech Usoen wärend dem Fluch a folgenden 2 Sprooche sollt maachen: op Lëtzebuergesch als Landessprooch an op Englesch als international Sprooch ?
Sollt de Minister anerer Meenung sinn, wat sinn d’Grënn, fir d’Lëtzebuergescht net méi als Sprooch fir d’Usoen am Fliger ze benotzen?
Ass de Minister net och der Meenung, datt bei all geschriwwener Informatioun, déi wärend dem Fluch op de Bildschiermer ze gesin ass, och d’Lëtzebuerger Sprooch zur Uwendung misst kommen?
Sollt de Minister anerer Meenung sinn, wat sinn d’Grënn fir dës Aschätzung?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Lies
Deputéierten

Zréck