Sollten d’Sans-Abri net a méi eng fréier Phase geimpft ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

D’lescht Woch war gewuer ze ginn datt virgesinn ass datt d’Sans-Abri réischt an der leschter Impfphase drukomme fir mam Anti-Covid Vaccin geimpft ze ginn. An anere Länner, wéi Russland oder Rumänien hunn dës vulnerabel Leit eng Prioritéit. A Frankräich ginn d’Sans-Abri am Fréijoer geimpft an och Dänemark huet hinnen elo eng aner Prioritéit an hirer Impfcampagne ginn.

D’Erklärung vun de Responsabele vum Santésministère datt d’Impfung dëse Leit net esou wichteg wier, well hir Prioritéit éier Iessen, eng Schlofplaz oder eng Dusch wier, ass net novollzéibar a spigelt just op dramatesch Aart a Weis de Misär vun dëse vulnerabele Mënschen erëm.

Virun dësem Hannergrond wéilt ech der Madamm Gesondheetsminister folgend Froe stellen:

1.      Deelt d’Madamm Minister d’Meenung datt d’Sans-Abri, duerch hir vulnerabel Gesamtsituatioun, missten a méi enger fréier Phase geimpft ginn?

2.      Wann nee, aus wéi enge Grënn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Paul Galles

Deputéierten

 

 

Zréck