Sollen um Site zu Dräibuer an Zukunft weiderhin CSEE an UNISEC bestoen, oder awer just d‘UNISEC?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den d’Madamm Justizministesch an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

 

Den 29. Mäerz 2022 ass, an enger gemeinsamer Reunioun vun der Justizkommissioun an der Educatiounskommissioun zu de Gesetzprojeten zum Jugendschutz an dem Jugendstrofrecht, iwwert ee méiglechen Ausbau vum Centre socio-éducatif de l’Etat (CSEE) diskutéiert ginn. An deem Kader hunn déi zoustänneg Ministeren erkläert, d’Strukture wëllen ze verklengeren an ze dezentraliséieren, fir sou ee besseren Encadrement vun de Jonken ze garantéieren. Aktuell ass de CSEE opgedeelt op dräi Sitten (Dräibuer, Schraasseg a Buerglënster) déi alleguer quasi ausgelaascht sinn. De 6. Mäerz 2023 huet den Direkter vum CSEE dann an engem RTL-Interview confirméiert, dass d‘Sitten zu Schraasseg oder Dräibuer kéinten ausgebaut ginn. Wéi den Direkter och sot, kënnt et ëmmer nach vir, datt duerch de Plazmangel an der UNISEC, Jonker op Schraasseg an de Prisong kommen. Dofir ass an der zoustänneger Kommissiounssëtzung am Mäerz 2022 gesot ginn, d‘UNISEC zu Dräibuer soll ausgebaut ginn.

 

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Justizministesch an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

 

  • Huet d’Regierung déi am Mäerz virgestallte Strategie vu méi klengen, dezentrale Sitte vum CSEE opginn?
    • Wa jo, firwat?
  • Sollen um Site zu Dräibuer an Zukunft weiderhin CSEE an UNISEC bestoen, oder awer just d‘UNISEC?

 

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Octavie Modert                              Leon Gloden                                Max Hengel

Deputéiert

Zréck