Sinn sou Toschaktioune vu Staatsfläche mat natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur  schonns an der Vergaangenheet gemaach ginn?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

An der Äntwert op di parlamentaresch Fro n°7889 vum 17. Abrëll 2023 ass d’Madamm Ëmweltministesch op de potenziellen Tosch vu Staatsfläche mat ënnert anerem der natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur agaangen.

An dësem Kontext géif ech gäre weider folgend Froen un d’Ministesch stellen:

  1. Ginn d’Bäihëllefen déi de Staat fir den Opkaf duerch natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur ausgeschott huet fir déi Flächen déi concernéiert wieren an zum Tosch stéingen nees un de Staat zeréck?
  2. Ginn d‘Flächen 1:1 am Wäert vun de Parzellen ausgetosch? Sinn sou Toschaktioune mat natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur  schonns an der Vergaangenheet gemaach ginn? Wat war d’Envergure, d’Konditiounen a d’Modalitéite fir änlech gelagert Toschaktioune vun där Gréisstenuerdnung?
  3. Wien war Demandeur fir dëser Operatioun?
  4. Hunn schonn aner Fondatiounen, Asbl’en oder gemengnotzlech Organisatioune vun sou Toschaktioune profitéiert? Wann jo, wéi eng?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

 

Zréck