Sinn dem Här Minister Fäll vu Mobbing op der Uni.lu bekannt?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung weiderzeleeden.

Schwéier Mobbing-Virwërf géint Unis- an Héichschoulprofesseren an Däitschland si Sujet vun engem Artikel, deen den 29. Mee 2022 an der „Frankfurter Allgemeine Sonntagszeitung“ publizéiert gouf. Hei temoignéieren Doktorandinnen, wéi se vu Professeren, awer och vu Professorinnen a Kader vun hirer Dokteraarbecht ënner Drock gesat goufen.

Déi betraffe Persounen, déi hire richtegen Numm net wëlle genannt wëssen, beschreiwen an deem Artikel och, wéi wéineg Méiglechkeeten si hate respektiv hunn, fir sech géint hiren „Doktorvater“ respektiv hir „Doktormutter“ ze wieren a wéi sech hir ofleenend Haltung op hir universitär Karriär an op d’Bewäertung vun hirer Dokteraarbecht ausgewierkt huet.

Am dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung stellen :

  • Sinn dem Här Minister Fäll vu Mobbing op der Uni.lu bekannt?
    • Wa jo, op wéi e Joer ginn se zréck a wéi eng Suitte kruten déi respektiv Fäll?
  • Wéi ass d’Uni.lu opgestallt, fir op Mobbing-Virwërf ze reagéieren?
  • Huet d’Uni.lu eng dediéiert Ulafstell fir Leit, déi sech gemobbt fillen?
    • Wa jo, wéi ass dës Ulafstell organiséiert?
    • Wéi eng Prozedur gëtt declenchéiert, wann e Fall vu Mobbing signaléiert gëtt?
    • Wann net, wéi positionéiert sech den Här Minister par Rapport zur Fro vun der Noutwendegkeet vun esou enger Ulafstell fir potenziell Mobbing-Affer um Campus vun der Uni.lu?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck