Sinn déi gro Kaarte vu Gefierer, déi virun 2002 ageschéckt goufen, zerstéiert ginn ouni dass se virdru gescannt goufen? Wéi kënnen esou Gefierer elo erëm ugemellt ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Wann een e Gefier, sief dat en Auto, Moto oder Trakter, fir eng gewëssen Zäit ofmellt, muss een, esou wéi d’Gesetz et virschreift, niewt der „Déclaration de mise hors circulation d’un véhicule“ och den 1. Deel vum Certificat d’immatriculation, also déi gro Kaart aschécken.

Säit enger Rei Jore gëtt et nieft der groer Kaart och eng giel Kaart déi een am Fall vun enger temporärer Mise hors circulation als Proprietär muss halen, als Preuve fir de Moment wou een säi Gefier erëm offiziell wëll umellen.

Éier dës giel Kaart agefouert gouf, hat een als Besëtzer vum Gefier awer just déi gro Kaart, déi een am Fall vun der temporärer Mise hors circulation huet missten aschécken.

Mengen Informatiounen no sinn gro Kaarten déi virun 2002 ageschéckt gi sinn an déi am Gebai vum Contrôle technique zu Esch stockéiert waren, kierzlech zerstéiert ginn, ouni dat se virdrun gescannt gi wieren.

Ouni weider „Preuve de propriété“ ass et domat engem Besëtzer deen säin ale Moto z.B. viru 25 Joer ofgemellt huet an déi gro Kaart ageschéckt huet, haut net méi méiglech dëse Moto erëm fir de Verkéier unzemellen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Kann de Minister dës Informatioune confirméieren?
  • Wa jo, firwat goufen déi gro Kaarten zerstéiert?
  • Firwat sinn déi gro Karten net gescannt ginn éier se zerstéiert goufen?
  • Wéi gedenkt de Minister de betraffene Leit weider ze hëllefen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

 

 

Félix Eischen

Deputéierten

 

Zréck