Säit dem 1. Januar 2023 goufen d’Bäihëllefe fir Photovoltaikanlagen am Eegeverbrauch erhéicht. Wéi verhält et sech elo mat Projektträger vu Photovoltaikanlagen am Eegeverbrauch, déi hir Anlag 2023 a Betrib huelen, ma déi awer schonns d’Commande 2022, respektiv vielläicht esouguer eng éischt Ubezuelung am Joer 2022 gemaach haten?

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Energieminister weider ze leeden.

 

Säit dem 1. Januar 2023 goufen d’Bäihëllefe fir Photovoltaikanlagen am Eegeverbrauch erhéicht. Och fir d’energeetesch Sanéierung, dat heescht fir Gebaier ouni fossil Brennstoffer ze heizen, goufen d’finanziell Bäihëllefen ugepasst.

Bei de Photovoltaikanlagen ass den Datum vun der Commande op den 1.1.2023, an dee vun der finaler Rechnung op Enn 2025 fixéiert ginn. Bei den Heizsystemer kann d’Commande awer op en Zäitpunkt ab dem 1.11.22, d.h. virun der Publikatioun vum Gesetz, datéieren.

 

An dësem Kontext géife mir gäre weider folgend Froen un de Minister stellen:

  1. Wéi verhält et sech elo mat Projektträger vu Photovoltaikanlagen am Eegeverbrauch, déi hir Anlag 2023 a Betrib huelen, ma déi awer schonns d’Commande 2022, respektiv vielläicht esouguer eng éischt Ubezuelung am Joer 2022 gemaach haten?
  2. Gin déi Leit an deem Sënn benodeelegt, dat se dann ënnert déi al, manner avantagéis Konditioune falen, obwuel d’Anlag réischt 2023 a Betrib goung/geet oder gesäit de Minister do vir, fir och déi Analgenbedreiwer am Kader vun de modifizéierte Bäihëllefen ze consideréieren? Wann jo, ënnert wéi enge Konditiounen?

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

 

Paul Galles

Deputéierten

 

 

Zréck