Retarden beim Opschaffe vun de Steiererklärungen thematiséiert: D’Gewerkschaft aus der Steierverwaltung plädéiert engersäits dofir dass d’Departen an d’Pensioun sollen antizipéiert ginn, an anerersäits eng Vereinfachung vum Steiersystem ubruecht wier.

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

An de Medien gouf rezent vu Retarden beim Opschaffe vun de Steiererklärungen thematiséiert. D’Gewerkschaft aus der Steierverwaltung (syndicat unifié des impôts directs) huet dozou folgend Erklärungen an och Fuerderungen respektiv Froe gestalt. Op rtl.lu konnt een an dem Zesummenhang liesen:

„De President vum Syndicat […] plädéiert dofir, dass Departen an d’Pensioun antizipéiert ginn, well nei Leit als éischt musse ugeléiert ginn. Zum annoncéierte Rekrutement vun 43 Leit fir dëst Joer warnt hien, dass 31 dovunner ee CDD kréien.

Donieft wier eng Vereinfachung vum Steiersystem och ubruecht. Ëmmerhinn ass d’Steiererklärung vu 16 op 20 Säite gewuess. Déi annoncéiert Digitaliséierung bei de Steiererklärunge vu Privatleit kéint sécherlech hëllefen, allerdéngs freet sech de Syndikat mat wéi enge Systemer geschafft gëtt a wéi eng Paradigmë gewiesselt ginn.“

Ech erlabe mir duerfir folgend Froen un den Här Minister ze stellen:

– Ass de Minister der Meenung, dass d’Altersdeparten an der Vergaangenheet net genuch antizipéiert goufen? Mat wéivill Altersdepartën rechent d’Regierung an den nächste 5 Joren bäi der Steierverwaltung? Wéivill Leit sollen an deem Zäitraum agestallt ginn? Wéivill Leit missten der Steierverwaltung no déi nächste Joren agestallt ginn fir et hir ze erméiglechen korrekt ze schaffen? Wéi gesinn all dës Parameteren an deenen anere Steierverwaltungen aus?

– Firwat huet d’Regierung beim Rekrutement decidéiert, haaptsächlech op zäitlech befrist Aarbechtsverträg zréckzegräifen?

– Gouf d’Gewerkschaft am Virfeld vun der 2017er Steierreform vum Minister gehéiert?

  • Wa jo, hat déi betraffe Gewerkschaft hir Bedenken dem Minister matgedeelt? Wéi huet de Minister senger Zäit dorop reagéiert? Hat d’Regierung den zousätzlechen administrativen Opwand, deen duerch d’Steierreform entstanen ass, ënnerschat?

 

  • Wann nee, wëll de Minister dat am Kontext vun der annoncéierter Steierreform nohuelen?

– Wéi kéint d’Steiererklärung an Zukunft vereinfacht ginn?

– Wéi eng Prozesser lafen haut schonn (innerhalb der Verwaltung an nobaussen) digital of? Wéivill Leit (% vun de Steierzueler) reechen haut schonn hir Steiererklärung iwwer myguichet.lu an? Wéi eng Avantagen erginn sech fir d’Steierverwaltung aus den elektronesch agereechte Steiererklärungen? Wëll d’Regierung d’Leit dozou encouragéieren méi op dëse Medium zréckzegräifen? Wéi kéint dës Sensibiliséierung / „Incentivéierung“ ausgesinn?

– Wéi gesäit déi annoncéiert weider Digitaliséierung aus? U wéi enge Stellschrauwen soll hei gedréit ginn? Mat wéi enge Systemer soll hei geschafft ginn? Wéi eng Paradigme gi gewiesselt?

– A wéi enge Beräicher (TVA, direkt Steieren (natierlech respektiv juristesch Persounen) etc.) sinn d’Retarden am längsten ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Gilles Roth
Deputéierten

 

Zréck