Projet vun engem Bauschutttipp tëschent Beidler a Brouch

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här delegéierten Nohaltegkeetsminister  weiderzeginn.

Op Grond vun engem Artikel deen de leschten 29. November am Lëtzebuerger Wort iwwert de Projet vun engem Bauschutttipp tëschent Beidler a Brouch erschéngen ass, ass a verschiddene Lieserbréiwer drop higewise ginn, datt keng Transparenz an der Aart a Weis wier, wéi deen Dossier behandelt gëtt.

An deem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • No wat fir enger Prozedur gouf  de Standuert „uewen Alpich“ tëschent Beidler a Brouch als zukünfteg Bauschuttdeponie erausgesicht?
  • Goufen déi zwou betraffe Gemengen Jonglënster a Biver iwwert dee Choix informéiert a wa jo, wéi?
  • Firwat gouf bis elo mat de betraffene Bierger net geschwat an hinen den Dossier och net zougänglech gemaach?
  • Ass den Här Minister der Meenung, datt eng Distanz vu 500 m tëschent der Bauschuttdeponie an deenen éischten Haiser wäit genuch ass?
  • Sollt et zu der Realisatioun vun der Bauschuttdeponie kommen, wat gëtt ënnerholl fir d’Interête vun de Leit ze schützen?
  • Gëtt paralell zu dem Projet bei Brouch och nach un engem alternative Projet um Territoire vun der Gemeng Bech geplangt, a wa jo, firwat?

Här President, ech bieden Iech méin déifste Respekt unzehuelen.

Lucien Clement

Deputéierten

Zréck