Prioritéiten vun der Regierung an der Wirtschaftspolitik

Léiw Noolauschterer,

De leschten Mëttwoch huet den Wirtschaftsminister Etienne SCHNEIDER der zoustänneger Kommissioun an der Chamber d’Prioritéiten vun der Regierung an der Wirtschaftspolitik viirgestalt.

D’CSV deelt dem Minister seng Aschätzung datt mir ërem méi Wuestum an eisem Land brauchen.

Fir dëst Ziel ze erreechen musse mir eis esou opstellen datt eist Land weider attraktiv bleift fir d‘Betriiber déi schon bestinn an déi die kommen wärten.

Villes vun deem wat den Minister ugekënnegt huet ass schon vun der leschter Regierung opt d’Schinnen gesat ginn sief dat zum Beispill wat d’Simplification administrative, den Mëttelstand, den Tourismus oder den Energiesekter ubetrëfft.

Zousätzlech zu all deenen Mesuren huet den Minister eng Rei Propoosen op den Dësch geluecht wat d’Subventiounspolitik an d’SNCI ubetrëfft mat deenen d’CSV averstanne kann sinn.

Vill Kontinuitéit also, e puer gutt nei Usätz, awer och nach vill wat am Waagen bliwwen ass a wou mir an denen nächsten Wochen méi konkret an détailléiert Propositiounen vun der Regierung erwarden.

Mir brauchen an eisem Land méi séier an transparent Weeër an der Wirtschaft an dofir ass et wichteg datt mer déi administrativ Entfësselung konsequent wieder féieren an dem mer déi politesch an administrativ Geneemegungs – an Entscheedungsprozeduren weider harmoniséieren an méi schnell maachen.

Déi virrecht Regierung haat dat esou sougenanntent Omnibusgesetz op d’Schinne Gesat wat zu enger wesentlecher Vereinfachung vun den Prozedure beidreit .

All Viraabechten sinn also gemaach an et ass un der neier Regierung elo Neel mat Käpp ze machen an desen Projet op den Instanzewee ze schécken.

Eng gutt fonctionnéierent Wirtschaft brauch awer och eng Steierlandschaft die weider attraktiv fir d‘Betriiber ass.

Dofir sinn mir der Meenung datt et op kee Fall zu Steiererhéiungen fir Betriiber dierf kommen mee mier sollen analiséieren ob een net den esou genanntenen taux nominal vun der Besteierung erofsëtzen an dem mer awer gleichzeiteg d‘besteierbar Grondlag erweideren.

Doniewent muss eist Land weider interessant fir auslänneg Investisseuren bleiwen an duerfir kommen mir net dolanscht d‘Prozedur vun den Openthaltsgeneemegungen an den Visaen nach eng Kéier op den Leescht ze huelen an mamm Zil se méi einfach an effizient ze organiséieren.

An enger Zäit ewou d’Zënssätz niddereg an domadden interressant fir Investitiounen sinn stellen mir fest datt et awer ëmmer méi schwéier ganz besonneg fir kleng a mëttel Betriiber awer och Fréiberuffler gët un Fonktionnementskrediter bei den Banken ze kommen.

Fir dëss Prozeduren am Interessi vun de Betriiber ze verbësseren plädéieren mir dofir datt d’Instrumenter déi der SNCI zur Verfügung stinn nach eng Kéier sollen iwwerkuckt a verbëssert ginn.

An der Wahlcampagne ass vill vum frësche Wand an neien Iddien geschwaat ginn die noutwëndeg wären fir eiser Wirtschaft erëm nei Impulser ze ginn.

D’CSV Fraktioun an der Chamber wäert iwwerall do d‘Regierung ënnerstëtzen wou eis Propositiounen an Iddien Nidderschlag an de  Gesetzestexter fannen.

Fir eis mussen all déi Moossnamen déi am Interessi vun eiser Industrie, eiser Finanzplaatz, eisem Déngschtleeschtungssekter awer och eise sellechen klengen an mëttel Betriiber eng absolut Prioritéit hunn.

An deem Sënn bidden mir eis Zesummenaarbecht un an wënschen dem Wirtschaftsminister eng glécklech Hand.

Ech soen Iech merci fir är Opmierksamkeet.

 

Zréck