Plangt d’Regierung wéinst der Energiekris, d’Sozialämter finanziell a personell opzestocken, fir dat se dem erwaarten Ustuerm un Demanden besser kënnen gerecht ginn?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Familljeministesch weiderzeleeden.

Laut engem Bericht vun „reporter.lu“ sinn d’Offices sociaux net gutt genuch opgestallt, fir de Stéit, déi wéinst den héijen Energiekäschten finanziell Problemer hunn oder kréien, effikass a séier ze hëllefen. D’Presidentin vun der „Entente des offices sociaux, Ginette Jones, fuerdert, dat de Stat misst méi staark agräifen, well Sozialämter eleng dat Ganzt net kéinte stemmen. Eng Etude vun der Uni Lëtzebuerg hat ewell 2019 op Problemer bei den Offices sociaux higewisen. An dem Zesummenhang géing ech gären eng parlamentaresch Fro un d’Madamm Familljeministesch stellen.

  • Plangt d’Regierung wéinst der Energiekris, d’Sozialämter finanziell a personell opzestocken, fir dat se dem erwaarten Ustuerm un Demanden besser kënnen gerecht ginn?
    • Wa jo, wéi wäert des Opstockung ausgesinn?
  • Wat wëllt d’Regierung maachen, fir d’Koordinatioun tëschent den Offices sociaux an de verschiddene Ministèren ze verbesseren?
  • Wat wëllt d’Regierung maachen, fir besser Statistiken zu den eenzelen Aiden ze kréien, déi vun den Offices sociaux ausbezuelt ginn?
  • Wat wëllt d’Regierung maachen, fir d’Leit, déi op Hëllef ugewise sinn, besser iwwer méiglech Aiden vun der Sozialämter ze informéieren?

Här President, ech Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck