Plangt d’Regierung elo schonn déi ganz probabel drëtt Impfung?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Dat spuenescht Gesondheetsinstitut Carlos III. huet an enger rezenter Combivacs-Etüd nogewisen datt de Schutz géint de Corona-Virus méi héich ass, wann ee no enger éischter Impfung mam AstraZeneca Vaccin, eng zweet Impfung mat Biontech/Pfizer kritt. Den Antikierper-Niveau wier no der 2. Impfung ëm dat Siwefacht geklommen esou d’Fuerscher.

Ëmmer méi Experte sinn och der Meenung datt d’Immunitéit no der Impfung just 6 Méint ka garantéiert ginn, wat mat sech bréngt datt am Hierscht déi éischt Leit rëm missten eng drëtte Kéier geimpft ginn. Et ginn och scho Reesdestinatiounen déi verlaangen datt déi lescht Impfung net méi al wéi 6 Méint ass.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  1. Kennt d’Madamm Gesondheetsminister déi besote spuenesch Etüd?
  2. Huet d‘Regierung schonn driwwer nogeduecht an deem Sënn all déi Leit déi eng éischte Kéier mam AstraZeneca-Vaccin geimpft goufen, déi zweete Kéier mat Biontech/Pfizer Vaccin ze impfe fir de Schutz ze erhéijen?
  3. Wann nee, aus wéi enge Grënn?
  4. Wa jo, si genuch Dose Biontech/Pfizer disponibel a géif d’Regierung dee Moment déi iwwreg Dosen AstraZeneca nach emol fräiwëllege Patienten zur Verfügung stellen?
  5. Plangt d’Regierung elo schonn déi ganz probabel drëtt Impfung?
  6. Wann nee, aus wéi enge Grënn?
  7. Wa jo, lafe scho Commanden a wäerten dës Kéier och Impfungen an den Dokteschcabinete méiglech sinn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                   Claude Wiseler

Deputéiert                                           Deputéierten

Zréck