No enger Trennung kënnt et heiansdo vir, dass een Elterendeel deem anere, d’Identitéitskaart vum gemeinsame Kand net aushännegt an dësen bäi Reesen an d’Ausland gewëssermoosse blockéiert. U wie ka sech déi /de „geschiedegt(e)“ Mamm / Papp a sou engem Fall wenden fir kuerzfristeg gehollef ze kréien?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an den Här Ausseminister weiderzeleeden.

No enger Trennung kënnt et, mengen Informatiounen no, méi oder manner heefeg vir, dass een Elterendeel deem anere, d’Identitéitskaart vum gemeinsame Kand net aushännegt an dësen bäi Reesen an d’Ausland gewëssermoosse blockéiert. D’Ufroe vun engem Pass fir d’Kand ass och net zielführend, well an deem Fall d’Identitéitskaart muss virgeluecht ginn. Fir enger méiglecher Entféierung vum Kand an en Drëttstaat virzebeugen, freet de Passbüro, mengen Informatiounen no, och eng schrëftlech Awëllegung vum aneren Elterendeel.

 

Ech wéilt duerfir folgend Froen u virgenannte Ministere stellen:

 

  • Kënne d’Ministeren dës Informatiounen bestätegen?

 

  • Verfüügt d’Regierung iwwer Statistiken zum Zréckhalen vun Identitéitskaarten vum gemeinsame Kand duerch een Elterendeel ?

 

  • U wie ka sech déi /de „geschiedegt(e)“ Mamm / Papp a sou engem Fall wenden fir kuerzfristeg gehollef ze kréien? Wéi eng Léisungen bidde sech deem Elterendeel konkret?

 

  • Wéi eng Moossnamen kann de Familljeriichter a sou Fäll erloossen? Kann een Elterendeel sou Decisiounen kuerzfristeg erwierken?

 

  • Kann de Geschiedegten ggf. Schuedensersaz fuerderen?

 

Wann an der Vergaangenheet d’Méiglechkeet bestanen huet, fir d’Kanner op de Pass vun engem oder béiden Elterendeeler anzedroen, sou ass dat zanter méi wéi 15 Joer net méi méiglech zu Lëtzebuerg. Am Géigenzuch besteet awer d’Méiglechkeet, d’Elteren am Pass vum Kand ze vermierken.

  • Ginn d’Elteren automatesch am Pass vum Kand vermierkt?

 

  • Wann net, ginn d’Elteren bei der Demande vum Pass fir d’Kand op dës Méiglechkeet higewisen?

 

  • Ass dëse Vermierk mat Zousazkäschte verbonnen?

 

  • Gëtt eng „legaliséiert“ Kopie vun der Identitéitskaart am Ausland als gläichwerteg zum Original ugesinn?

 

 

Respektvoll,

 

Max Hengel
Deputéierten

Zréck