Mam neie Bezuelsystem Peppol soll op de Gemengen den administrativen Opwand verréngert ginn. Kéint een hei net op d’Rausdrécken vun dëse Rechungen verzichten, dat am Sënn vum Naturschutz an engem verréngerten administrativen Opwand?

Lëtzebuerg, den 21. September 2023

Här President

Sou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch weiderzeleeden.

Mam neie Bezuelsystem Peppol soll op de Gemengen den administrativen Opwand verréngert, a soumat insgesamt d´Aarbecht vun dem Gemengepersonal vereinfacht ginn. D´Fournisseuren brauchen dann och keng Rechnunge méi a Pabeierforme eran ze schécken. Et ass awer esou, dass all déi Rechnungen mussen op de Gemenge rausgedréckt ginn, fir hannert de Mandat de Paiement ze heften, an dat obwuel se am Gescom all digital hannerluecht sinn. Dëst ass, laut mengen Informatiounen, eng Demande vum Contrôle financier vum Inneminister a bedeit e grousse Pabeierverbrauch a vill administrativen Opwand.

An dësem Zesummenhang géif ech der Madamm Ministesch gären eng Rei Froe stëllen:

–       Kann d´Madamm Ministesch meng Informatioune confirméieren?

–       Wa jo – firwat mussen all dës Rechnungen op de Gemengen erausgedréckt ginn?

–       Wa jo – kéint een hei net op d´Rausdrécken verzichten, dat am Sënn vum Naturschutz an engem verréngerten administrativen Opwand?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jean-Paul Schaaf

Deputéierten

Zréck