Laut eisen Informatioune soll am Dezember 2023 deen éischte Co-Working Space fir Staatsbeamten zu Schieren opgoen. Aus wéi enge Grënn sinn de Ministère fir d’Fonction publique an de Ministère fir Digitaliséierung fir dëse Projet ausgewielt ginn?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d’Fonction publique, den Här Minister fir Digitaliséierung an un d’Madamm Inneministesch weiderzeleeden.

 

Laut RTL-Informatioune vum 3. August 2023 soll am Dezember 2023 deen éischte Co-Working Space fir Staatsbeamten zu Schieren opgoen. Demande heivir geet aus interne Sondagen aus dem Ministère fir d‘Fonction publique an aus dem Ministère fir Digitaliséierung ervir, wou 70% vun de befrote Leit d’Optioun “Co-Working-Space” interessant fonnt hunn. Am Artikel heescht et och, dass Schieren als Pilotprojet fir weider “Spaces”, déi iwwert déi nächst Jore fir aner Ministèren optauche kéinten, gëllt. Ronn 170 Mataarbechter kënne Gebrauch vum “Space” zu Schieren maachen, deen op 200 Metercarré 22 Beamten hebergéiere kann.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir d’Fonction publique, den Här Minister fir Digitaliséierung an un d’Madamm Inneministesch stellen:

 

  • Aus wéi enge Grënn sinn de Ministère fir d’Fonction publique an de Ministère fir Digitaliséierung fir dëse Projet ausgewielt ginn?
  • Mat wéi ville Gemengen, ausser der Gemeng Schieren, ass nach iwwert dëse Projet geschwat ginn?
    • No wéi enge Krittären ass d’Gemeng ausgewielt ginn?
  • Ass och eng Ausschreiwung bei privaten Acteure gemaach ginn?
  • Wat ass de Präis vum Metercarré par Rapport zu de Loyere vun anere Bürosgebaier an der nämmlechter Géigend?
  • No wéi enge Krittäre sollen sech déi 170 concernéiert Leit opdeelen, wann et am Gebai just 22 Plaze ginn?

 

Här President, ech bieden Iech dës Fro, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Elisabeth Margue

Deputéiert

Zréck