Laut Accord interprofessionnel musse Betriber Cotisatiounen fir Weiterbildungsformatiounen un déi Centres de compétences ausbezuelen. Muss ee Betrib dee net Member ass an der Fédération des Artisans as, och des Cotisatiounen bezuelen? Wat ass di finanziell Bedeelegung vum Staat bei dëse Kompetenzzentren?

D’Äntwert op dës Fro fann der, wann der op dëse Link klickt: QP 283

 

Här President,

 

Sou wéi d’ Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Aarbechtsminister weiderzeleeden.

Laut Accord interprofessionnel vum 3. Juli 2015 tëschent der Fédération des Artisans an de Gewerkschaften LCGB an OGBL, an laut Groussherzoglechem Reglement vum 1. November 2015, mussen d‘Betriber obligatoresch Cotisatiounen fir sektoriell Weiterbildungsformatiounen un déi sougenannt Centres de compétences ausbezuelen.

Am Koalitiounsaccord 2018-2023 steet dann och dran, datt d’Attestatiounen vun ënnert anerem de Centres de compétences professionnels unerkannt solle ginn « afin de les rendre comptabilisables en vue de l’obtention d’un diplôme ou d’un brevet étatique ».

Laut Accord interprofessionnel  vun 2015  mussen d‘ Betriber 0,5 Prozent vun hirer Masse salariale annuelle als Cotisatioun un d‘Centres de compétences oftrieden. Eisen Informatiounen no sollen et eng Partie Handwierksbetriber ginn, déi vum Dierwiechter somméiert goufen, vir des Cotisatiounen nozebezuelen.

Vu dass och jonk Betriber, di nach keen Benefice schreiwen, sech un dëse Cotisatiounen mussen bedeelegen, an dat fir si awer eng gréisser Depense duerstellt, wollte mir folgend Froen un den Här Minister stellen:

 

  • Kann den Här Minister dës Informatiounen confirméieren?

 

  • Muss ee Betrib dee net Member ass an der Fédération des Artisans as, och des Cotisatiounen bezuelen?

 

  • Ass de Minister der Meenung, datt den „Accord interprofessionnell“, sou wéi en am Groussherzogleche Reglement vum 1. November 2015 beschriwwen ass, soll bäibehale ginn, wuelwëssend datt virun allem méi kleng Betriber des Formatiounen net brauchen?

 

  • Wat ass di finanziell Bedeelegung vum Staat bei dëse Kompetenzzentren?

 

  • Wat ass di finanziell Bedeelegung vum Staat bei de Weiderbildungen an anere Secteuren wéi zum Beispill der Horesca?

 

  • Wéi kann de Minister senger Meenung no zu enger Léisung vum beschriwwene Problem bäidroen?

 

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                                                                      Françoise Hetto

                                                             Deputéiert

Zréck