Kënnt an Zukunft kee “Code fiscal” méi eraus ? Soll een ähnlechen Outil publizéiert ginn ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, géife mir Iech bieden folgend parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an un den Här Budget- a Finanzminister.

 

Laut eisen Informatiounen soll d’Editioun vum sougenannte „Code fiscal“, eng Zesummestellung vu Gesetzer betreffend d’Steierlandschaft, inklusiv Foussnoten, Circulairen vum Direkter, Dengschtnoten a Jurisprudenzen asw. agestalt ginn.

 

Et ass dëst e wichtegen Outil fir d‘Steierverwaltung a seng Beamten, awer och fir de Steierzueler selwer.

 

Aus deem Grond wéilte mir folgend Froen un déi uewe genannte Ministere stellen:

 

·         Kënnen d’Ministeren dës Informatioun bestätegen?

 

·         Wéi ee Budget war fir d’Editioun vum „Code fiscal“ am Joer 2019 virgesinn a ka, laut eisen Informatiounen, fir 2020 an doriwweraus vu staatlecher Säit net méi opbruecht ginn?

 

·         Huet d’Regierung wëlles der Steierverwaltung an de Steierzueler en ähnlechen Outil zur Verfügung ze stellen?

 

–          Wa jo, ënnert wéi enger Form?

 

–          Wann nee, deelt d’Regierung d’Aschätzung, dass domadden e wichtegen Outil fir d’Steierverwaltung, respektiv de Steierzueler verluer geet?

Mat déifstem Respekt,

Martine Hansen
Depuéiert
Gilles Roth
Deputéierten

Zréck