Kennen déi concernéiert Ministèren ons Statistiken iwwert d’Abréch an de Spideeler an an Alters- a Fleegeheimer ginn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 aus dem Chambersreglement et virgesäit, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun, wéi och un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Am Gespréich mat de Léit héiert en ëmmer méi vun Déifställ an de Lëtzebuerger Spideeler an Alters- a Fleegeheimer. Dachs gi Patienten, respektive Bewunner, perséinlech Wäertgéigestänn ewéi Bijouen oder Auere geklaut.

An deem Zesummenhang géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun wéi och un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Kennen déi concernéiert Ministère confirméieren, dass et dëst Joer zu enger Hausse vun de Fäll vun Déifställ an den uewe genannte Strukture komm ass?
  • Wa jo, wéi gedenken déi concernéiert Ministèren deem entgéintzewierken?
  • Kennen déi concernéiert Ministèren ons Statistiken iwwert d’Abréch an de Spideeler an an Alters- a Fleegeheimer ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck