Kënne fir speziell Eventer (fir e gudden Zweck oder fir eng ëffentlech Institutioun) d´Taxen, wéi beispillsweis déi vun de Parkingen erlooss ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch an den Här Minister fir Mobilitéit weider ze leeden.

Aktuell befaasst sech d´Bezierksgeriicht zu Dikrech mat enger Affär, wou eng Infrastrukturtaxe fir eng Baugeneemegung an der Gemeng Wäiswampech net verrechent ginn ass. Eng Derogatioun zum Taxereglement hätt missten am Gemengerot guttgeheescht ginn. An Zweschenzäit ass d´Taxe verrechent ginn.

Dëst Urteel kéint och nach Auswierkungen op aner Taxen an anere Gemengen hunn. All Gemeng huet eng ganz Panoplie un Taxen fir déi verschiddenste Volet´en, wou och ëmmer rëm Exceptioune gefrot ginn. Beispillsweis ginn et Taxen fir Parkinge – fir speziell Eventer fir e gudden Zweck kéinten dës ausnamsweis vun enger Gemeng erlooss ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch an den Här Minister stellen:

  • Wéi eng Auswierkungen kann dës Affär op déi generell Taxen am Gemengesecteur hunn?
  • Kënne fir speziell Eventer (fir e gudden Zweck oder fir eng ëffentlech Institutioun) d´Taxen, wéi beispillsweis déi vun de Parkingen erlooss ginn? Oder muss dofir all Kéiers de Gemengerot sollicitéiert ginn, wann sou eng Exceptioun net explizitt am Reglement virgesinn ass?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck