Kann Regierung eis matdeelen op si an dëser Legislaturperiod nach wëlles huet eppes géint Steierongerechtegkeeten vis-à-vis vun de Monoparentaux’en, Wittmänner a Wittfraen ze maachen ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un Madamm Finanzministesch, Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun an un den Här Staatsminister ze leeden.

 

An engem rezenten Interview an enger letzebuerger Dageszeitung huet Madamm Finanzminister en vue vun der Steierdebatt déi am Juli an der Chamber soll stattfannen folgendes gesot: „Auch wenn es in dieser Legislaturperiode nicht zur großen Steuerreform kommt, so ich bei meinem Amtsantritt mit meinen Mitarbeitern ausgelotet, welche Hebel wir dennoch bewegen könnten und wir haben einen Katalog mit über 30 Maßnahmen zusammengestellt. Infolge des Ukraine-Krieges mit seinen budgetären und wirtschaftlichen Auswirkungen hat sich der Spielraum allerdings reduziert. Ich habe dennoch eine klare Vorstellung, was ich tun möchte, um beispielsweise verschiedene soziale Schichten sowie Alleinerziehende gezielt zu unterstützen…“ Ausserdeem sot Madamm Minister: „…Soweit es die allgemeine Entwicklung zulässt, bin ich gewillt, etwas zu machen. Denn der Bedarf ist da…“.

 

Um Nationalkongress vun der Demokratescher Partei den 12. Juni 2022 huet Madamm Ministesch fir Famill och Positioun zur Steierreform bezunn a Folgendes gesot: „ Mat der DP wäert déi (Steierreform) kommen. Mir wäerten de Steiersystem méi gerecht maachen och par Rapport zu de Monoparentaux’en, zu de Wittmänner a Wittfraen. Mir musse kucken, dass individuell jiddereen gekuckt an net par Rapport zu senger Situatioun, wéi e mat engem aneren zesummelieft….“.

 

Den Här Premierminister huet op dem selwechte Kongress awer kloer gestallt, dass et mat senger Partei keen Steiercadeau op Kredit ginn, Verschiddenes kéint een vläicht net maachen : „Ech kann Iech just soen mat enger demokratescher Partei wëlle mir alles evitéieren fir dass déi Decisioune vun haut virun allem Problemer fir muer ginn fir déi nächst Generatiounen.“

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Regierung stellen:

 

  • Kann Regierung eis matdeelen op si an dëser Legislaturperiod nach wëlles huet eppes géint Steierongerechtegkeeten vis-à-vis vun de Monoparentaux’en, Wittmänner a Wittfraen ze maachen ?

 

  • Wa jo, wéini well Regierung den deementspriechende Projet de loi deposéieren?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Diane Adehm

Députéiert

Zréck