Kann Madamm Minister confirméieren datt Mulchen, wann et fachgerecht gemeet gëtt, e méi propperen a schounenden Heckeschnett erméiglecht ? Et ginn mëttlerweil schonns ganz nei Aarten vun Mulcher, firwat ginn dës net fir den Heckschnett zougelooss ?

D’Äntwert op dës Fro fann der, wann der op dëse Link klickt: QP 132

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert den Heckeschnett un d’Madamm Ëmweltministerin weider ze leeden.

Periode an där et verbueden ass Hecken ze schneiden ass am Artikel 17 vum Naturschutzgesetz vum 18. Juli 2018 festgeschriwwen. An deem selwechten Artikel gett och festgahaal dass net fachgerecht Arbechtsmethoden an Apparater wei den Schlegelmulcher  verbueden sinn : « Toute taille ayant pour conséquence de détériorer les haies vives, les broussailles ou les lisières de forêts, notamment par l’utilisation d’outils et méthodes non appropriés tels que la faucheuse à fléaux, est interdite. »

Laut mengen Informatioune gëtt et Mulcher déi, fachgerecht agesat, besser a méi schounend sinn fir d’Hecken ze schneiden ewéi mat soss übleche Geräter. Dës Mulcher sinn esou guer iwwer d’ Agrargesetz subventionéiert ginn. Eng ganz Rei staatlech an och kommunal Servicer hu mat dësen Geräter geschafft.

An dësem Kontext wéilt ech der Madamm Ëmweltminister gär folgend Froe stellen:

 

  • Kann Madamm Minister confirméieren datt Mulchen, wann et fachgerecht gemeet gëtt, e méi propperen a schounenden Heckeschnett erméiglecht ?

 

  • Et ginn mëttlerweil schonns ganz nei Aarten vun Mulcher, firwat ginn dës net fir den Heckschnett zougelooss ?

 

  • Ass Madamm Minister bereet dës Maschinnen, bei fachgerechtem Asaz, an Zukunft ze autoriséieren?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Députéiert

Zréck