Kann d’Regierung ausschléissen, datt d’Firma GCore Labs S.A d’Kontakter mat RT net direkt a komplett ofgebrach huet, nodeems si am Mäerz mat de Virwërf konfrontéiert gi war?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Kommunikatiouns- a Medieminister weiderzeleeden.

Schonn am Februar war de Verdacht opkomm, datt déi lëtzebuergesch Firma GCore Labs S.A. als Fournisseur vun engem Content Delivery Network d’EU-Sanktioune géint Russland ënnerlaf hätt. De Kommunikatiouns- a Medieminister huet a senger Äntwert op d‘parlamentaresch Fro 7623 vum 21. Mäerz erkläert, datt d’Entreprise kontrolléiert an de verbuedene Contenu geläscht gi wier. Laut rezente Berichter an den däitsche Medie soll d‘Firma GCore Labs de Kontakt zum Sender Russia Today (RT) net direkt an och net ganz ofgebrach hunn.  Laut den Auteure vum Artikel kéint bewise ginn, datt et bis Enn Abrëll eng Verbindung gouf tëschent GCore Labs an de Serveren, iwwert déi RT Contenu verbreet gëtt.  An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Kommunikatiouns- a Medieminister stellen:

 

  • Kann d’Regierung ausschléissen, datt d’Firma GCore Labs S.A d’Kontakter mat RT net direkt a komplett ofgebrach huet, nodeems si am Mäerz mat de Virwërf konfrontéiert gi war?
    • Wa nee, wat wëllt d’Regierung maache fir sécherzestellen, datt d’Firma GCore Labs S.A. d’EU-Sanktioune géint Russland net weiderhin ënnerleeft?
  • Sinn der Regierung nach aner Lëtzebuerger Firme bekannt, déi d’EU-Sanktioune géint Russland an de leschte Méint ënnerlaf hunn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck